skip_to_content
Samedi 08 juin 2024
Début: 15:00
Entrée libre
De Schäfferot an d’Seniorekommissioun vun der Gemeng Suessem
Concerts

E sympathesche Senioreconcert organiséiert vun der Seniorekommissioun vun der Gemeng Suessem an Zesummenaarbecht mam Institut Européen de Chant Choral (INECC).

Um Programm sti beléiften a bekannte Lidder a Sëtzdänz.

D’Sänger∙inne si Senior∙innen aus verschiddene Strukturen ewéi dem Club Senior, Alters- a Fleegeheemer a Strukture fir Leit mat Beanträchtegung. Bewunner∙inne 50+ aus dem Land an iwwer d’Grenzen, déi Freed um Sangen hunn.

Direktioun Claude Keiser (INECC) a Claudine Menghi (Sëtzdanzleederin)