skip_to_content
Dimanche 18 janvier 2026
Début: 15:00
75 min. + 20 min. pause
12€ / Étudiant∙e∙s 6€
AMARE (Amicale Maisons Relais Gemeng Suessem) an Hand an Hand ONG
Kids
+6

LU
D’Numia ass aneschters. Et kënnt vu wäit hier - vum Planéit Fantamira - a lant matten ënnert eis. Matt groussen Aen, engem oppenen Häerz an enger zolitter Portioun Fantasie geet hatt op d’Mënschen duer. Mee wat geschitt, wann een net esou ass wéi déi aner? Wann een dreemt, do wou anerer plangen, fräi danzt, do wou anerer sech am Takt beweegen.

An enger moderner a faarwefrouer Musical-Adaptatioun vum Josy Braun senger bekannter Geschicht, erziele Kanner fir Kanner an hier Familljen d’Geschicht vun Ausgrenzung, Mutt, Respekt a Frëndschaft an dovunner, wéi wäertvoll et ass, einfach sech selwer ze sinn.

Begleet vu flotter Musek, liichtende Faarwen an enger grousser Portioun Zauberei, luet dëst Stéck grouss a kleng Spectateuren op eng Fantasierees an, déi un d’Häerz geet an Hoffnung schenkt.

Tickets: Site Facebook AMARE Gemeng Suessem / Informations: email hidden; JavaScript is required