skip_to_content
Jeudi 28 novembre 2024
Début: 20:00
70 min. sans pause
10€ / Étudiant∙e∙s 7€ / Groupes 9€
Artikuss
Spectacles
Theater

LU
No Croque Mëssiö (2009) an Autopsy (2019) presentéiert d’Michèle Turpel, alias Mi Tu, (net ze verwiessele mat Me Too) 2024 säin 3. Soloprogramm Mämmories, geschriwwen an inzenéiert vum Jemp Schuster.

Wat gëtt een net alles gewuer, wann eng Fra, déi op alle grousse Büne vun der Welt performt huet, dat behaapt se emol, hir Schminkkëscht opmécht an ufänkt ze poteren. Am Scheinwerferliicht glënnert a blénkt alles, mee hanner de Kulisse gesinn och déi gréisste Staren a Stärecher blatzeg aus.

Firwat gëtt eng Artistin zu New York, London, Berlin oder Paräis zur Diva an heiheem kennt keen se? Kann een net och zu Lëtzebuerg weltberüümt ginn? Mir ginn de Risiko an. Mämmories ass Showbiz am Stil vum magesche Realismus.

Text a Regie Jemp Schuster
Spill Michèle Turpel
Musek Claire Parsons

DE
Nach Croque Mèssiö (2009) und Autopsy (2019) präsentiert Michèle Turpel alias Mi Tu (nicht zu verwechseln mit Me Too) 2024 ihr drittes Soloprogramm Mämmories, geschrieben und inszeniert von Jemp Schuster.

Was erfahre man nicht alles, wenn eine Frau, die auf allen großen Bühnen der Welt aufgetreten sei, ihre Make-up-Box öffne und anfängt zu basteln. Im Rampenlicht glitzert und glänzt alles, doch hinter den Kulissen sehen selbst die größten Stars und Sternchen wie Blätter aus.

Warum wird eine Künstlerin in New York, London, Berlin oder Paris zur Diva und zu Hause kennt sie niemand? Kann man nicht auch in Luxemburg weltberühmt werden? Wir gehen das Risiko ein. Mämmories ist Showbiz im Stil des magischen Realismus.

Photo © Serge Hoffmann