skip_to_content
Mardi 30 avril 2024
Début: 20:00
120 min. + pause
15€ / Étudiant∙e∙s 8€ - Oweskeess
Zolwer Musek
Concerts
Winds

… and all that Jazz !

Ënner dësem Titel invitéiert Iech d’Zolwer Musek op hiren traditionelle Galaconcert.

Wéi den Titel et errode léisst, kënnt Dir Iech op een Jazzy Programm ënner der Leedung vum Claude Origer freeën, deen eis op eng villsäiteg Manéier mat duerch d’zwanzegst Joerhonnert hëlt.

Als Solistin um Piano ass d’Lynn Orazi mat dobäi, déi sécherlech och een George Gershwin mat hirem Kënnen iwwerzeegt hätt.

Freet Iech also op ee musikalesch usprochsvollen an ofwiesslungsräiche Programm an der agreabeler Gesellschaft vun den Zolwer Musikanten, mat deenen et sech, wéi gewinnt, optimal an den 1. Mee erafeiere léisst!