skip_to_content
Dimanche 30 avril 2023
Début: 20:00
Adultes 15€ / Étudiant·e·s 7€
Zolwer Harmonie
Concerts
Winds

Wéi all Joers invitéiert d’Zolwer Musek den 30. Abrëll, also souzesoen um Virowend vum 1. Mee, op hiren traditionelle Galaconcert zu Zolwer am Artikuss.

Den Dirigent Claude Origer huet dofir alt erëm een interessanten, usprochsvollen, awer och gefällege Programm virbereet, bei dem fir jiddereen eppes dobäi ass a wou Dir an de Genoss vun de villfältegen Talenter vun den Zolwer Musikante komme kënnt.

Mir freeën eis, Iech bei eis begréissen a musikalesch verwinnen ze kënnen an nom Concert natierlech och deen een oder anere mat Iech ze drénken.

Tickets Oweskeess