skip_to_content
Samedi 06 mai 2023
Début: 20:00
Adultes 17€ / Étudiant∙e∙s 10€
Harmonie Éilereng a.s.b.l.
Concerts
Winds

D’Éilerenger Musek invitéiert häerzlechst op eng musikalesch Rees duerch de grousse Repertoire vun der italieenescher Musek.

Vun de grousse Klassiker wéi Verdi, Rossini oder Puccini, iwwer di fantastesch Filmmusek vum Ennio Morricone bis zur italienescher Rock a Pop Musek : d’Museker entféieren Iech an en ofwiesslungsräichen a faarwege Concertsowend mat vill Musek a Gesang.

De Maestro Claudio Weiland zeechent responsabel fir de musikalesche Programm, an deem natierlech och d’Solisten vum Orchester an e Gaaschtsolist hiert Talent wäerten ënner Beweis stellen.

Den Detail vum Programm kënnt Dir ab Mäerz 2023 op www.harmonie-eilereng.com nokucken, esouwéi dann och Är Platzen do reservéieren.

«Facciamo così» - Esou maache mir dat de 6. Mee, bréngen italieenesche Flair op Zolwer a freeën eis elo schonns op Äre Besuch.

Ci vediamo ad Artikuss

Tickets à partir du 01.03.2023 www.harmonie-eilereng.com / Tél. : +352 621 215 477