skip_to_content
Vendredi 20 octobre 2023
Début: 20:00
120 min.
15€ / Étudiant∙e∙s 8€
Harmonie de Soleuvre
Concerts
Winds

LU
Freides, den 20. Oktober 2023 invitéiert d’Zolwer Musek, ënner der Direktioun vum Claude Origer, nees op een traditionelle Concert aus hirer Faarwe-Rei am Artikuss zu Zolwer.

Déi Faarf, déi dëst Joer wéi ee „roude Fuedem“ duerch dee lëschtegen a villfältege Programm féiert, kënnt Dir aus dësem Saz erausliesen, dat Ganzt natierlech ouni politeschen Hannergedanken!

Wéi et mëttlerweil Traditioun ass, gouf och dëst Joer nees eng Gaaschtmusek invitéiert, fir eng Hallschent vum „Red“ Concert ze spillen.

Déi Musek, déi dës Kéier de rouden Teppech ausgerullt kritt, ass d’Bartrenger Musek, där hiren Dirigent net nëmme d’selwecht heescht wéi dee vun der Zolwer Musek, mee him och nach immens vill gläicht.

Markéiert Iech dofir freides 20. Oktober 2023 ëm 20.00 Auer ROUT an Ärem Kalenner!

Tickete ginn et just an der Oweskeess.

Fir all weider Informatioune kuckt roueg op der Facebook-Säit vun der Harmonie de Soleuvre an op www.harmoniedesoleuvre.lu