skip_to_content
Dimanche 12 mars 2023
Début: 15:00
Adultes 12€ / Enfants 6€
AMARE ( Amicale vun de Maisons Relais Gemeng Suessem ) an Kannertheatergrupp Dausendbengchen, Hand an Hand ONG
Kids
+6

An der Spillkëscht vum Martha wunne Poppen a Kuscheldéiere friddlech beieneen bis enges Dags d‘Martha eng nei Popp kritt: d‘Felicitas. Dat Neit gëtt séier ausgegrenzt, well hat faarweg an friem ass. D‘Felicitas versicht nei Frënn ze fannen, mee déi aner aus der Spillkëscht loossen et net. Do gräift de Rabador, den Zauberer an a verspäert hir Këscht mat engem Zauberschlass. Ganz séier mierken se datt de passende Schlëssel net am Kannerzëmmer ze fannen ass. Esou maachen sech d‘Felicitas, de Franz Findig mat Hëllef vum Zauberbuch an der Ënnerstëtzung vu Piraten op eng Rees ronderëm d‘Welt fir vun all Kontinent e Stéck vun dem geheimnisvolle Schlëssel ze fannen. Wäerten si erkennen, datt se nëmmen duerch Zesummenhalt a Frëndschaft dëst Ziel erreechen?

Kommt mat eis mat op des spannend musikalesch Weltrees an entdeckt mam Felicitas wat Frëndschaft bedeit.