skip_to_content
Vendredi 22 septembre 2023
Artikuss
Spectacles
Theater

LU
D’Mumm Séiss an den Hexemeeschter, wie kennt se net? Oder deen ongléckleche Kanonéier, deen d’Première 1856 emol net méi materliewe konnt… Iwwerlieft hu just d’Ketty an de Péiter, mee grad un déi zwee erënnert sech kee Mënsch méi. 

Abee, d’Yannchen an de Carlo krute vum Dicks perséinlech* den Optrag e lëschtegt Theaterstéck mat Musek a Gesank ze schreiwen.

Wat koum derbäi eraus (well datt Geséngs wor ni Hiert a mat der Musek stoungen se och ëmmer op Krichsfouss…):

En Trauerspill, zwee Akte laang…

Et spillen Marcel Heintz, Yannchen Hoffmann a Carlo Hartmann. 
Op der Uergel Louis Specogna.

*Well déi zwee si mëttlerweil schonn esou al, datt se den Dicks op en Hoer nach perséinlech hätte kënne kennen … oder kenne kënnen?

FR
La troupe de Yannchen Hoffmann et Carlo Hartmann rend hommage à l’auteur, écrivain et poète luxembourgeois Edmond de la Fontaine dit Dicks dans le cadre
de son 200e anniversaire.
Cabaret théâtre en langue luxembourgeoise.