skip_to_content
Samedi 03 février 2024
Artikuss
Spectacles
Theater

LU
Et spillen Conny Braquet, Claude Faber, Luc Schumacher, Irène Zeimes
Texter : Roland Meyer
Musek : Camille Nanquette
Regie : Joe Heintzen a Noémie Leer

An eisen haarden Zäite geet d’Welt gefillt op d’mannst eemol den Dag ënner. Mat der Apokalypse virun eis sti mer moies op, an no engem mäerdereschen Amoklaf duerch de Labyrinth vu Panik a Paranoia leeë mer eis owes an d’Bett… a kënnen net aschlofen. An der Nuecht geeschtere mer wéi Zombien duerch d’Weltgeschicht.

Wéi solls de dobäi gesond a monter bleiwen? Wéi sollen deng gutt Laun an deng Zouversiicht esou net op der Streck bleiwen? Klima a Katastroph, Tornado an Tsunami, Krich a Krawall dreiwen dech an d’Äerm vu Psychologen, Astrologen an anere chronesche Pathologen, oder eben an d’Ofhängegkeet vun hippen Designerdrogen.

Mee elo gëtt et Hoffnung: eis héichmotivéiert an haarttrainéiert Spezialiste vum Kabaret Sténkdéier bréngen an hirem aktuelle Programm nees Rou a Geloossenheet an Ären Alldag. Si huelen Iech zeréck op de Buedem vun den Tatsaachen, a loossen Iech duerch eng rasant Klengkonschttherapie voller Witz an Humor all Äre Misär ee fir alle Mol vergiessen. An dëst alles op Käschte vun der Allgemengheet, dem groussherzoglechen Haff an all deenen aneren Dichtegen a Wichtegen oder deenen, déi sech dofir halen!

DE
Das Kabaret Sténkdéier stellt sein brandaktuelles Programm „Eisen alldeegleche Weltënnergang“, aus der Feder von Roland Meyer, vor. In diesen schweren Zeiten scheint die Welt mindestens einmal am Tag unterzugehen. Doch es gibt Hoffnung:

Unsere hochmotivierten und hart ausgebildeten Fachkräfte vom Kabaret Sténkdéier bringen mit ihrem aktuellen Programm wieder Ruhe und Gelassenheit in Ihren Alltag. Sie bringen Sie zurück auf den Grund der Tatsachen und lassen Sie durch eine schnelle, kleine Kunsttherapie voller Witz und Humor all Ihr Elend ein für alle Mal vergessen.