skip_to_content
Samedi 04 février 2023
Artikuss
Spectacles
Theater

LU
Also elo emol ganz éierlech, kann ee bei all deene Katastrophen nach Kabaret maachen?
D’Welt geet virun eisen Aen d’ Baach an, an eis bleift de Mond opstoen: d’Klima hëtzt sech op, Corona setzt nach een drop, an der Ukrain gëtt geschoss, Bensinn a Mazout ginn alt méi deier an eng Wunneng ka geschwë keen sech méi leeschten, an d’Regierung huet just nach d’Superwaljoer 23 am A. An do wëlls de Cabaret maachen? Däerf een hautdesdaags iwwerhaapt nach Witzer rappen? An nach vill méi wichteg, däerf een iwwerhaapt nach iwwer déi Witzer laachen?

De Kabaret Sténkdéier beäntwert déi Froe mat engem klore Jo, well den Humor déi bescht a wierksaamst Medezin an dësen Zäiten ass a bleift.

Et spillen : Conny Braquet, Irène Zeimes, Claude Faber, Luc Schumacher
Regie : Joe Heintzen
Regieassistent: Noémie Leer
Texter : Roland Meyer
Musek : Camille Nanquette

DE
Das Kabaret Sténkdéier stellt vom 17. bis zum 20. November sein brandaktuelles Programm ,Dee Leschte mécht d’Luucht aus‘ aus der Feder von Roland Meyer, vor. Das Stück geht der Frage nach, ob Humor, in Zeiten von Klimawandel, Pandemie und Krieg noch erlaubt sei. Das Kabaret Sténkdéier bekennt sich in dieser Frage zu einem klaren ,Ja‘ – sind doch Humor und Lachen die wirksamste Medizin.