LU
De Vampir Willi Wackelzand muss viru sengem 10te Gebuertsdag e puer Drëpse Blutt lecken, soss falen him seng Eckzänn aus. Dat alles, well säin Urururgrousspapp Wilbur viru 500 Joer Sträit mat der béiser Fee Karafunkula hat. Si huet ee Fluch iwwer d’Famill geluecht.
Déi zwee Mënschekanner Nina a Lucy treffen de Willi. Wat huet et mam Zacharias Zant op sech? Wien ass de Batti Flantermaus a wat maachen déi mexikanesch Vampirflantermais Ramon a Richie?
Eis Frënn wäerte vill erliewen. Geléngt et hinnen, virum Willi sengem 10te Gebuertsdag de Fluch vun der Karafunkula ze briechen?
E Kannermusical vu Kanner fir Kanner.
Tickets Site Facebook AMARE
Informations email hidden; JavaScript is required