skip_to_content
Jeudi 03 octobre 2024
Début: 15:15
60 min.
5€
Artikuss
Kids
+6

Fiischen, Fiischen, ech hu näischt z’iessen, Fiischen, Fiischen, ech muss dech friessen…

eng al Seechen …
a nei Reimen gesat vum Dicks …
verspillt op d’Bühn bruecht vun „Toile Si-Re“ mat enger Hällewull un ueregen Eegekreatiounen:

de Wëllefchen an de Fiischen - zwou apart Handpoppen …
eng mat Gedold gehäkelt a vill Léift gekoschtert Bühnendeko …
frësch, frech, frou Musik …
eng lieweg Textadaptatioun …
Oder, ganz einfach gesot: kauffmännische Sinnereien …

Handpoppen, Häkelaarbechten, Bühnendeko, Logo, de Fiischen: Annick Sinner
Musik (Kompositioun a Spill), de Wëllefchen: Nadine Kauffmann
Mise en scène a Beliichtung: Martine Conzemius
Kostümer: Toile Si-Re
mise en scène à.s.b.l.

Dëst ass ee Projet fir Erwuessener a fir Kanner. En eegent sech och als Schoulvirstellung fir den Cycle 4.

FR
De Wëllefchen an de Fiischen issu d’un poème d’Edmond de la Fontaine (Dicks) sur base d’un texte d’Antoine Meyer de 1854, raconte l’histoire d’un loup et d’un renard qui se rencontrent un soir de d’hiver. Le loup affamé voudrait bien pour dîner le petit renard qui bien rusé, ne se laisse pas faire…

Représentations scolaires : Jeudi 10h45
Représentation SEA et public : Jeudi 15h15
≥ 6 Joer/ans

Photos © Tom Wagner