skip_to_content
Samedi 20 mai 2023
Début: 20:00
Adultes 12 € / Enfants (<18 ans) gratuit
Bieleser Musek
Concerts
Winds

D’Bieleser Musek huet op den Dag den 30. November 2022 130 Joer kritt. Déi eelste Musek aus der Gemeng Suessem fänkt dat nächst Joerzéngt mat ronn 45 aktive Member un an ass bei villen offiziellen Eventer an eiser Gemeng awer och iwwer d’Gemengegrenzen eraus, ënnerwee.

Zënter der vergaangener Saison huet d’Bieleser Musek een neien dynameschen Dirigent an der Persoun vum Patrick Stracks. Nom Rock-Gala-Concert am Mee 2022 deen am Artikuss war an dem Concert ,At Home‘ am Musekssall zu Bieles am Oktober 2022, ass deen nächste musikaleschen ,Highlight‘ an der Präparatioun, an zwar fir Samschdes, den 20. Mee 2023 am Artikuss zu Zolwer.

D'Theema vum Concert ass ,Into the Highlands‘. Dest bréngt eis ënner anerem an déi Nord-westlech Géigende vu Schottland mat senge Biergketten a Moueren ouni Beem, Whiskyen an och ganz typesche musikalesche Kläng.

Tickets Oweskeess / Caisse du soir