LU
Freides, de 24. Oktober 2025 invitéiert d’Zolwer Musek, ënner der Direktioun vum Claude Origer, nees op een traditionelle Concert aus hirer Faarwe-Rei.
Ënner dem Titel „Brown“ begréisse si net just hir Kolleege vun der Hesper Musek op der Bün fir een Deel ze spillen, mee wäerten och op Soliste mat deem passenden Numm aus hiren eegene Reien zeréckgräifen.
Freet Iech op ee lëschtegen an interessanten Owend, wou Dir gewuer gitt, wat hinnen alles musikalesch zu der Faarf vun der Buedemstännegkeet an der Neutralitéit agefall ass.
Tickete ginn et wéi gewinnt just an der Oweskeess.
Fir all weider Informatiounen, kuckt roueg op der Facebook-Säit vun der Harmonie de Soleuvre an op www.harmoniedesoleuvre.lu
Photo © Ant Deister