Ënner dem Titel Earth, Wind and …Water mécht d’Bieleser Musek een ofwiesslungsräichen an zum Deel ongewinnte musikalesche Sträifzuch duerch d‘Thema Natur an Naturgewalten.
Nieft enger Rei reng musikaleschen Highlighte ginn awer och e puer Wierker gesanglech ënnermoolt, dëst haaptsächlech vun aktive Memberen aus den eegene Reien.
De Concert steet ënner der Leedung vum Patrick Stracks.